KOMMT, MIR HUELEN DE FOUSS VUM GAS !

Vum Christian Kmiotek a Françoise Folmer

An de 16 Joer vun 1994 bis 2010 huet eist Land 100.000 Matbierger bäikritt. Nach eng Kéier 100.000 nei Awunner krute mer vun 2010 bis haut an nëmmen nach 8 Joer. Dobäi kommen nach déi 100.000 nei Aarbechtsplazen, déi an de leschten 11 Joer geschaf goufen, mat hirem Verkéier aus alle Géigende vum Land an iwwer d’ Grenzen eraus. Dëst ass e wëlle Wuesstem, dee jidderee vun eis all Dag spiirt: e weist sech am Stau op eise Stroossen, e weist sech un de Wunnengspräisser déi nëmmen nach de Wee no uewe kennen.

Mir gréng sinn der Meenung, datt mer mussen de Fouss vum Gas huelen, well mer un eis natierlech Grenze stoussen.

Et geet net duer, nëmmen d’ Recette vum Wuesstem ze kucke wéi d’ Steiereinnahmen an d’ Rentebeiträg. Mir mussen éierlech mat eis selwer sinn, an och d’ Folgekäschte vum Wuesstem mat berechnen : d’ Ausgabe fir Infrastrukturen a Verwaltung; fir Schoule, Stroosse, Schinnen a Spideeler; fir Waasser an Ofwaasser a fir d’ Renten déi eng Kéier mussen ausbezuelt ginn.

Wann an Zukunft e Betrib nei bei eis op Lëtzebuerg komme wëll, musse mer den ökonomeschen, den ökologeschen an de sozialen Impakt dovunner moossen. Fir eist Land nohalteg z’ entwéckelen musse mir eis Kritäre ginn an Aktivitéite just nach selektiv unzéien. Mir gréng wëllen eng Économie, déi eis Ëmwelt respektéiert, déi op eis Stäerkten opbaut an déi Lëtzebuerg prett mécht fir déi zukünfteg Erausfuerderunge vun der Robotiséierung a vun der Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt.

Bei all deem aktuelle Wuesstem musse mer eise Landverbrauch intelligent steieren, well eis Buedemfläch wiisst net. Ënner de virege Regierungen ass alles iwwerall wëll gewuess: Industriezonen ouni Autobunnsuschloss, kommerziell Zonen ouni Busubannung a Wunnquartieren op der grénger Wiss. Et huet e gréngen Infrastrukturminister gebraucht fir an der Landesplanung endlech ëmzedenken an eist Land geuerdnet, sënnvoll a spuersam z’ organiséieren.

A punkto Wuesstem musse mer Choixen treffen. Wuesstem ka finanzielle Räichtum bedeiten. Mee wéi steet et mam Wuelbefannen, der Gesondheet an der Liewensqualitéit vun de Leit? Wéi steet et mam Räichtum, deen ee mat Geld net kafe kann?

Mir gréng wëlle festhalen um Räichtum vun eise Landschaften an eiser Natur. Mir setzen eis a fir de Räichtum deen et bedeit, mat senger Famill, senge Kanner a sengen Enkelkanner, qualitativ héichwäerteg Zäit ze verbréngen, amplaz seng Muerenter an Owenter an Stau ze vertrentelen.

Kommt mir huelen de Fouss vum Gas!

 

GRENG WIERKT

Vum Françoise Folmer a Christian Kmiotek

 

 

 

 

No de Gemengewalen 2017 waren déi gréng de Medie-Kommentaren no dee klenge Gewënner vun dëse Walen. Déi gréng Partei war mat engem historesch héije Score vun 2011 an dës Wale gaangen, a konnt sech 2017 nach eng Kéier e gudde Krack steigeren: den Undeel un der Gesamtstëmmenzuel ass vu ronn 13% op iwwer 16% geklomm. Datt “Gréng wierkt” ass bei de Leit deemno gutt ukomm.

Awer net nëmmen déi gréng Wielerzuel ass méi grouss ginn, och d’Memberzuele sinn däitlech gewuess. Dat mécht eis Courage fir d’Chamberwalen 2018, an et weist, datt déi gréng eng oppen, lieweg an attraktiv Partei sinn.

Dëst Joer musse mir gréng fir t‘alleréischte Kéier aus enger Regierungsbedeelegung eraus eisen nächste Walprogramm schreiwen. An et ass flott a motivant ze gesinn, datt mer och fir t‘éischte Kéier vill Kapitelen musse wesentlech iwwerschaffen. Firwat? Ma ganz einfach: well villes wat 2013 do stoung elo scho gemaach ass oder zumindest an Ugrëff geholl gouf.

D’Chamberwale fannen 2018 an engem Kontext statt, deen et nach ni gouf: Zanter dem 2. Weltkrich huet d’CSV – bis op zwou Ausnahmen – de Premier gestallt, an dee klenge Koalitiounspartner war mol d’LSAP, mol d‘DP. Elo hun ewer och déi gréng bewisen, datt se ee verläesslechen an efficace Regierungspartner sinn. Et gëtt also elo definitiv eng drëtt an eng véiert Optioun, an datt ass gutt fir eist Land a gutt fir eis Demokratie!

Mir gréng si gëeent duerch gemeinsam Wäerter, déi eis ganz fest unenee bannen. Dës Wäerter, dorënner Solidaritéit, Gerechtegkeet a Participatioun, sinn Deel vun eisem politesche Réckgrat an erlaben et eis, och an Zukunft eng Politik ze maachen, déi vu Wäitsiicht geprägt ass, eng Politik déi op Fakten an net op Ängschte baséiert, eng Politik déi ëmmer de Mënsch a seng Ëmwelt an de Mëttelpunkt setzt.

D’Wäerter déi eis eenen, maachen datt eis Vertrieder net hott an har virun all Mikro sprangen, datt hir Egoën net méi grouss si wéi eis Partei an datt si keng widderspréchlech Message vermëttelen. Mir gréng, si bei de Gemengewale mam Sproch „Gréng wierkt“ ugetrueden, mee dëse Message ass beim nationale Bilan genee esou richteg. Mir gréng soe wat mer maachen, a mir maache wat mer soen an emmer méi Leit appréciéieren dat.

déi gréng sinn och konsensfäeg. Eng Fäegkeet déi lues a lues gewuess ass op Basis vun eisen Erfahrungen um Gemengenniveau, wou mer eis, an eiser 35-jähreger Parteigeschicht, schonn ënner ville politesche Koalitionsvarianten an der Verantwortung beweise konnten. 35 Joer wou mer d‘ Vertrauen an eise Programm wéi an eis Leit bei ëmmer méi Wieler gefestegt kruten. Als gréng verhandele mir ferm a fair an am Sënn vun der Saach. Mir kennen eis Dossieren a mir halen eis un déi mat de jeweilege Koalitiounspartner ofgemaachte Kompromësser. Mir hunn domadder bewisen, datt mir e verläesslechen an efficace Regierungspartner sinn.

Dëst Joer, d‘Joer vun eisem 35. Gebuertsdag, ass d‘Partei definitiv aus de Kannerschong erausgewuess. Eis Visioun fir eng nohalteg a sozial gerecht Entwécklung vun eisem Land a vun eiser Gesellschaft ass kloer. Elo geet et drëmms d’Vertraue vu eise Wieler ze festegen an zousätzlecht Vertrauen ze kréien fir datt déi gréng Prioritéiten och bei der nächster Regierungsbildung eng Roll spillen.

Mir hu gewisen, datt gréng Politik dem Land, de Leit an der Emwelt gudd deet. Et geet net ëm déi gréng Partei, et geet hei ëm eist Land, ëm Lëtzebuerg an doriwwer eraus. An eist Land brauch gréng Politik, och fir déi nächst 35 Joer !

De Christian Kmiotek an d’Françoise Folmer si Co-Presidente vun déi gréng

Artikel am Land vum 26.01.2018