MENG RIED FIR DEN NEIJOERSCHPATT 2017 VUN DÉI GRÉNG

Léiw Kolleginnen a Kollegen,
Léiw Alleguer,

Gréng Politik mécht en Ënnerscheed! De Bilan vun eisen Equippen an der Regierung, an der Chamber an an de Gemengen ass absolut positiv, an e léisst nëmmen eng Schlussfolgerung zou: et ass derwäert als Gréng an der Verantwortung ze sinn. Och wa mer doduerch heiansdo an eenzele Beräicher musse Kompromësser agoen, déi net all Member schmaachen. Verantwortung op héchstem nationalen a Gemengen-Niveau ze iwwerhuelen erlaabt eis et mat konkrete Politiken eise gréngen Zieler méi no ze kommen.

Dofir freeë mir eis op d’Erausfuerderunge vun 2017! Et ass jo an der Tëschenzäit fir kee méi e Geheimnis: 2017 ass den Ufank vun engem Wahlmarathon hei zu Lëtzebuerg de bal 3 Joer wäert goen. Während d’Medie scho monter iwwert den Ausgang vun den Nationalwahlen 2018 spekuléieren, wäerte mir Gréng eis dëst Joer awer fir d’éischt emol op d’Gemengewahle vun 2017 konzentréieren.

Mir Gréng wëllen och an de Gemenge Lëtzebuerg weider denken. D’Zukunftsdebatt déi d’Regierung mat hiren Etüden – Rifkin an Ewringmann – a ronderëm d‘Landesplanung ugestouss huet, muss och an de Gemenge geféiert ginn. Gemengen si wichteg Acteuren ënner anerem wann et ëm d’Gestaltung an d’Entwécklung vun hirem eegenen Territoire, an ëm d’Liewensqualitéit vun hire Bierger geet.

Doriwwer eraus fanne vill scheinbar national iwwergeuerdent Froe wéi déi vun der Entwécklung vun eisem Land, vun der Nationalitéit, vun der Sprooch, vun der Mobilitéit a vum Wunnraum, déi ganz vill vun eise Matbierger de Moment staark um Häerz leien, hiren Nidderschlag um Gemengenterrain. Si all verlaangen no positive Visiounen an no gräifbare Léisungen. Visiounen a Léisungsvirschléi ëm déi et och dëst Joer an de Gemengewahle wäert goen.

Visiounen déi sech net nëmmen op d’Persoun vun engem Spëtzekandidat beschränken. Mee Visioune vun enger egalitärer Gesellschaft wou all Bierger ob Mann oder Fra, Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger, Jonk oder Aal, d’Recht op e fairen Undeel un dem geschaafte Wuelstand huet. A Visioune vun engem Land, dat net vun engem onkontrolléierte Wuesstem erdréckt gëtt, mee wou d’Entwécklung an d’Zukunft effikass gesteiert ginn.

Fir dës Visiounen ëmzesetze proposéiere mir villschichteg Léisungen. Mir fokaliséieren eis dobäi net wéi Anerer nëmmen op d’Erhéije vun der Kafkraaft. Eis geet et drëm fir an de Gemengen, aus der Mëtt vun der Gesellschaft eraus, nei Modeller ze entwéckelen. Mir Gréng sinn och haut schon en Deel vu villen nohaltege Beweegungen, déi sech um Terrain gegrënnt hunn, an déi mir weiderhin an hirer Eegendynamik ënnerstëtze wäerten. Bei de Modellen un deene mir schaffen, an déi zu méi Liewensqualitéit fir Jidderee vun eis féieren, geet et zum Beispill:

  • ëm soziale Wunnengsbau an d’Bereedstelle vu Wunnenge fir jonk Stéit, ëm d’Ënnerstëtzung vun alternativen a kollektive Wunnformen um Gemengenterritoire, ëm d’Ënnerstëtzung an d’Betreiung vu sozial benodeelegte Mënschen, an ëm d’Hëllef bei der Ënnerbréngung a bei der Integratioun vu Flüchtlingen,

Et geet awer och:

  • ëm d’Fërderung vun der Biergerparticipatioun um politeschen Niveau,
  • an ëm d’Abanne vun de Bierger iwwert de Wee vu ville klengen Initiativen déi eis Dierfer lieweg halen an d’sozial Kohäsioun fërderen, wéi beispillsweis Gemeinschaftsgäert a Geschäfts- an Energiekooperativen,

a last but not least geet et

  • ëm d’Steierung an d’Fërderung, iwwer PAG a Gemengereglementer, vun nohaltegen Entwécklungsmodeller an de Gemengen, speziell am Kader vun Natur-, Waasser- a Klimaschutz,
  • an et geet ëm eng besser a méi sécher Mobilitéit duerch d’Schafe vun Tempo30-Zonen, d’Fërderung vum ëffentlechen Transport, den Ausbau vun der Infrastruktur fir d’Elektro-Mobilitéit, d’Schafe vu Vëlos- a Foussgängerweeër.

Léiw Kolleginnen a Kollegen

Dës Ideen an nach vill anerer wäerten an den nächste Wochen op den Dësch komme wa mir mat allen interesséierte Memberen eise generelle Gemengen-Wahlprogramm ausschaffen. Dës gemeinsam Aarbecht gëtt eis d’Geleeënheet fir och um Gemengenniveau en detailléierte Bilan ze zéie vun der grénger Aarbecht déi déi lescht Jore gemaach ginn ass. Si erlaabt eis awer och, eis ënnerteneen auszetauschen, an esou déi bescht gréng Projete fir all Gemeng ze entwéckelen oder weider ze dreiwen.

Fir eis Ideen ënnert d’Leit ze brénge musse mir dann och op den Terrain goen, mat de Leit schwätzen an hinnen nolauschteren. Dëst wäerte mir zesumme mat eise grénge Regierungsmemberen an Deputéierte maachen. Mir organiséiere mat hinnen zesummen eng ganz Rei vu Konferenzen, déi och als Zil en ongezwongenen Austausch mat de Leit um Terrain hunn.

An eiser Campagne fir d’Gemengewahlen, wéi och an eisem alldeegleche Schaffen, weise mir dass gréng Politik de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt a seng Liewensqualitéit fërdert. Mir wëllen de Leit net virmaachen, dass et einfach Léisunge fir komplex Problemer gëtt. Gréng Politik zielt net op kuerzfristeg Effekthascherei, mee op gräifbar, mëttel- a laangfristeg Léisungen am Interessi vun de Bierger a vum Land. Dofir brauch eis Politik och Zäit fir ze wierken. Gréng Politik féiert net zeréck an eng Vergaangenheet wou, entgéint dem wat Verschiddener eis wëlle gleewen doen, net Alles besser war. Am Géigendeel, gréng Politik féiert an eng Zukunft déi der Entwécklung vun neien technologeschen a gesellschaftleche Modelle Rechnung dréit. Dobäi beliichte mir dës Modelle kritesch fir dat Bescht aus hinnen eraus ze zéien, a fir net a Sakgaassen eran ze geroden. Bei de Reformen déi doraus entsti gi mir selektiv fir – et gëllt Negatives ze änneren, a Guddes a Wäertvolles ze erhalen.

Léiw Kolleginnen a Kollegen

Gréng Politik an en nohaltege Modell sinn dat wat eist Land an eis Gemenge brauchen!

Zum Schluss wëll ech nach e puer ganz aner Iwwerleeunge mat Iech deelen.

Mir Gréng sinn iwwerzeegt, dass dat aktiivt an dat passiivt Wahlrecht vun esou vill Bierger wéi méiglech soll gläichberechtegt ausgeüübt ginn.

Dat neit Wahlgesetz, dat d’Paritéit op de Lëschte fir d’National- an d‘Europawahle fërdere wäert, gräift leider net bei de Gemengewahlen. Hei wäerte mir Gréng awer och weiderhin d‘Fraën eescht huelen an se net op Klischeeë reduzéieren. Mir wäerten 2017 op en Neits weisen, dass et och um Gemengenterrain méiglech ass, esou vill kompetent Männer wéi Fraen op eise Lëschten ze hunn.

Och op eis auslännesch Matbierger musse mir weider zougoen. Mir mussen si net nëmme motivéiere fir sech als Wieler anzeschreiwen, mee och fir selwer mat op d’Lëschten ze goen. Wann eis auslännesch Matbierger déi d’gesetzlech Critèren erfëllen, an de Gemengen wiele ginn an sech zur Wahl stellen, dann ass dat en absoluten Gewënn fir si selwer, fir eis Gemengen, a fir d‘gesamtgesellschaftlech Kohäsioun hei zu Lëtzebuerg.

Dëst gesot, wënschen ech Iech All fir 2017 weiderhin vill perséinlech Erfëllung, vill Iwwerzeegungskraaft a vill Courage bei Ärem gréngen Engagement. Ech si stolz op d‘Dynamik vun eise Vertrieder an de Gemengen, an der Chamber an an der Regierung. An ech sinn zouversiichtlech, dass d’Wieler dëser grénger

E schéint neit Joer Iech Alleguer!

23.01.17

TÉMOIGNAGE DE MON VOYAGE EN PALESTINE

Ce qui m’a frappée le plus dans notre voyage, c’est le décalage entre les violences qui nous sont rapportées dans nos pays par voie de presse, et les violences que nous avons pu constater dans certains quartiers de Jérusalem, dans les villes, villages ou camps des territoires occupés. La violence n’est assurément pas toujours là où on la croit.

Si en Occident les récits d’attentats et d’attaques au couteau menées par des Palestiniens, parfois très jeunes, dominent les actualités, j‘ai vu une autre réalité là-bas:

J’ai vu une violence journalière qui est différente:

  • j’ai vu des snipers de l’armée israélienne sur les toits et dans les murs vénérables qui entourent la vieille ville de Jérusalem
  • j’ai vu une population palestinienne sous le coup d‘une suspicion généralisée, fouillée au corps sans raisons apparentes, devant mes yeux et ceux de passants anonymes

  • j’ai vu la violence de l’enfermement derrière murs et clôtures, à la merci d’incursions de l’armée israélienne jusque dans l’intimité des appartements familiaux
  • j’ai entendu les témoignages de Palestiniens concernant les détentions administratives qui peuvent durer des mois et des années, sans qu’ils n‘en connaissent le motif

  • j’ai appris les multiples formes d’humiliations, de pressions et de discriminations exercées à l’encontre de Palestiniens parce qu’ils sont Palestiniens, et non parce qu’en tant qu’individu ils aient quoi que ce soit à se reprocher

Je pourrais continuer cette liste, il s’agit de violences subtiles de toute nature, qui sont marquées par le déni de dignité de l’individu, par le maintien des communautés palestiniennes dans un état permanent d’insécurité, privées de perspectives économiques et de visions d’avenir positives.

Je ne dis pas qu’il n’y a pas de violence chez les Palestiniens, mais ce que j’ai vu et entendu surtout, c’est leur volonté de résister pacifiquement à l’occupation de leurs territoires par l’Etat israélien et à ses multiples conséquences.

  • En premier lieu la résistance s’exprime à travers le simple fait pour les Palestiniens de rester en Cisjordanie ou en Israël au lieu de partir vivre quelque part à l’étranger où leurs libertés personnelles seraient garanties et où leurs enfants pourraient grandir en sécurité.
  • La résistance s’exprime aussi à travers des projets chargés d’espoir comme celui du Palestinian Museum of Natural History, qui développe avec très peu de moyens financiers de nombreuses activités pédagogiques avec des enfants et des bénévoles pour permettre aux jeunes de se projeter de manière positive vers l‘avenir. Je me permets ici de citer Mazin Qumsiyeh lors de notre visite: „La pire des occupations est l’occupation mentale parce qu’elle enlève leur respect de soi aux hommes et aux femmes qui sont traités comme des personnes de seconde classe.“
  • Nous avons pu constater sur place que les femmes jouent un rôle très important dans la résistance. Nous avons vu notamment au camp de Jenin le travail important qu’elles font pour éduquer les enfants et les jeunes et les empêcher par là d‘entrer dans une spirale de violence, qui jouerait le jeu de l’occupant en légitimant ses raisons de serrer encore un peu plus l’étau autour des communautés palestiniennes.
  • J’ai vu que le port du hijab chez les femmes s’est de nouveau généralisé dans les populations palestiniennes, alors qu’il était très rare au début et au milieu du siècle dernier. Il s’agit bien là à mes yeux d’une forme de résistance par l‘affirmation identitaire communautaire et la nécessaire différenciation culturelle avec l’occupant.

Face à tant d’injustice, tant de souffrance, et tant de courage aussi, nous devons nous poser la question comment agir pour permettre à cette région si riche par son histoire et sa multiculturalité, de trouver une paix juste qui permette à tous ses habitants quels qu’ils soient d’y prospérer et d’y vivre en sécurité?

Comment contribuer à faire honorer à Israël son obligation de reconnaître le droit des Palestiniens à l’autodétermination, de respecter les préceptes du droit international, et de cesser les violations journalières des Droits de l’homme fondamentaux à l’égard de la population palestinienne?

Ce sont encore les Palestiniens qui nous montrent une voie pacifique par l’intermédiaire du mouvement BDS : Boycott, Sanction, Divest. Alors que les deux derniers volets devraient être relevés surtout par les acteurs politiques et économiques importants, le premier, le boycott est à la portée de tout un chacun dans cette salle et dans notre société. Les avis divergent si le boycott doit concerner uniquement les produits en provenance des colonies juives ou s’il doit concerner tous les produits en provenance d’Israël. Qu’importe: c’est à chacun d’entre nous de prendre sa décision à ce sujet en son âme et conscience, et suivant les principes moraux et éthiques auxquels il adhère. A nous de faire comprendre par une pression collective aux Israéliens comme au reste du monde qu’il ne saurait y avoir impunité à violer le droit international. A nous de donner un signal fort aux gouvernements de par le monde que l’opinion publique n’est pas prête à tolérer plus longtemps le traitement inhumain du peuple palestinien tout comme elle s’est opposée jadis à l’apartheid sud-africaine. A nous de soutenir par cette action collective les femmes et les hommes en Israël, en Cisjordanie et à Gaza qui ont fait le choix de refuser la violence et de privilégier la résistance pacifique.

10.06.2016