Eist Land schützen

Lëtzebuerg ass e schéint Land un deem mir all immens hänken. Grad esou wéi eis Kultur an eis Sprooch sinn och eis Landschaften, Stied an Dierfer en Deel vun eiser Identitéit déi mir onbedéngt erhale wëllen.

Lëtzebuerg ass awer och e Land deem seng Bevëlkerung séier wiisst. Eise Wuelstand leed sech vun eisem Wirtschaftsmodell of, deen op Wuesstem baséiert. Lëtzebuerg ass doduerch dat Land an Europa wat am stäerkste fragmentéiert ass – dat heescht, dass eis Landschafte vu Stroossen a Weeër esou zerschnidde sinn, dass wéineg gréisser zesummenhänkend natierlech Liewensraim méi erhale sinn. Wann tëschent 1990 an 2000 pro Joer 900 ha verbaut gi sinn – esou sinn et zanter 2010 zwar nëmmen nach 200 ha déi all Joer ënnert dem Beton an dem Macadam verschwanne – dat ass awer ëmmerhin nach pro Mount d’Fläch vun 20 Fussballfelder.

Mat den Terrainen déi mir verbauen, verschwannen awer och d’Liewensraim vun ëmmer méi Déieren- a Planzenzorten.Wa mir d’Schéinheet vun eise Landschaften an d’Villfalt vun eiser Natur erhale wëllen, musse mir dofir onbedéngt eise Landverbrauch erof setzen. Mir mussen eis also weider Gedanken driwwer maache wéi mir esou séier wéi méiglech eise Wuesstem, an domat eise Wuelstand, vun eisem Landschafts- a Ressource-Verbrauch entkoppele kënnen. Well an eisem klenge Land ass näischt esou rar a wäertvoll wéi eise Grond a Buedem, an dee musse mir mat aller Kraaft verdeedegen a schützen.

Mir gréng hunn eis mat eise Vertrieder an der Regierung op de Fändel geschriwwen, eise Landschaftsverbrauch ze reduzéieren an ze steieren.

Dozou dréit dat neit Naturschutzgesetz genee esou bäi wéi d’sektoriell Pläng, déi de François Bausch elo erëm an d’Prozedur geschéckt huet. Mat deene Gesetzer a Reglementer baue mir Leitplanken op fir déi zukünfteg Entwécklung vu Lëtzebuerg nohalteg ze begleeden.

De Landschaftsverbrauch ze reduzéieren heescht konkret zum Beispill manner Stroosse bauen, an dofir méi an d’Eisebunn an an d’douce Mobilitéit ze investéieren. Et heescht iwwert dat neit Naturschutzgesetz de Flächeverbrauch esou ze steieren, dass beim noutwennege Bau vu Stroossen a Gebaier esou mann wéi méiglech wäertvollt Akerland a Gréngland verluer geet. Eng aner Pist, déi mir dobäi si weiderzedreiwen, ass d’Notzung vun industrielle Friche fir déi vill Wunnengen ze bauen, déi mir esou batter néideg hunn. Doduerch wäerte mir verluere Flächen op, amplaz Perimeteren ze erweideren an domat weider un eisem Kapital u landwirtschaftlechen- an Naturflächen ze zieren. E schéint Beispill vun dëser Politik ass de Projet “Wunne mat der Wolz” wou zousätzlech zur Opwäertung vun Industrieterrainen och nach d’Kreeslafwirtschaft gefërdert gëtt.

Nieft der Reguléierung an der Andämmung vum Flächeverbrauch verstäerkt dat neit Naturschutzgesetz awer och de Schutz vun natierleche Liewensraim, vu wëllen Déieren a vu wëlle Planzen. Eis Landschafte liewen duerch déi Déieren a Planzen déi dra gedeien, an eis lieweg a villfälteg Natur ass och en Deel vun eisem Patrimoine. Mir gréng setzen eis dofir an, dass eist schéint Land, op dat mir esou houfreg sinn, eis och an Zukunft esou erhale bleift wéi mir et haut kennen. Letztendlech ass Naturschutz kee Luxus, mee Naturschutz dréit wesentlech zu eiser Liewensqualitéit bäi.

Naturschutz ass och Mënscheschutz!

Ekologie an Ekonomie

Artikel an der Online-Zeitung Konterbont vun Autisme Luxembourg asbl

  • Elektromobilitéit, Wand- a Solarenergie, Kreeslaafwirtschaft… den Trend zu enger méi nohalteger Entwécklung ass kloer. Wéi kann d‘Politik drop awierke fir dësen Trend zu engem Wirtschaftsstandbeen zu Lëtzebuerg ze maachen?

Déi aktuell Regierung huet schonn eng ganz Partie Weichen a Richtung nohalteg Entwécklung gestallt. Och d’Rifkin étude weist dozou Pisten op. Dat geet vun der Energiewirtschaft vun der Zukunft iwwer eng nei Mobilitéit, energieeffizient Gebaier bis zu enger 100%eger Bio-Landwirtschaft, a villes méi. Fir nei Wirtschaftsstandbeen am Beräich vun der Nohaltegkeet ze entwéckelen, musse mir eis op villen Niveauen Ziler ginn:

  • Mir brauchen z. B. e performant Klimaschutzgesetz, dat esouwuel an der Industrie, wéi am Handwierk, bei de Verwaltungen an de Privatleit Impulser an Ëmsetzungsrichtlinië gëtt.
  • Mat Industrie an Handwierk sollte Partnerschaften opgebaut gi fir d’Entwécklung zu enger klima- a ressourcenneutraler Produktioun weider ze dreiwen.
  • Lëtzebuerg ass am Gaang éischt grouss Bauprojeten ze plangen, déi d’Prinzipie vun der Kreeslafwirtschaft ëmsetzen. Hei gëtt weiderhin eng konsequent politesch Ënnerstëtzung gebraucht fir dës weider ze dreiwen.
  • Mir sollten och eis Finanzplaz weider diversifizéieren an z. B. d’Usiedelung vu Fongen ënnerstëtzen, déi sozial engagéiert an ëmweltfrëndlech Projete finanzéieren. Zesumme mat dem Luxembourg Green Exchange vun der Bourse, léisst sech hei en interessante Secteur entwéckele fir de Finanzement vun nohaltege Projeten a vun de Klimaschutzziler déi am Kader vum Paräisser Accord geholl goufen.
  • Ganz wichteg ass et och fir eis schoulesch a professionnell Ausbildung op dës nohalteg Entwécklung auszeriichten, a Fuerschungsprojeten, z. B. an der Kreeslafwirtschaft, ze ënnerstëtzen wou Lëtzebuerg Virreider si kann.

Duerch d’Ëmsetzung vun all dëse Mesuren, an nach anere méi, wäert a ville Beräicher eng Expertis generéiert ginn, mat där Lëtzebuerg nei wirtschaftlech Secteuren erschléisse kann.

  • Lëtzebuerg huet ëmmer iwwer den Tanktourismus vill steierlech Recettë gehat. Dat riskéiert sech an Zukunft ze änneren. Wéi kréie mir dëse finanzielle Verloscht ärer Meenung no opgefaangen?

Engersäits musse mir eis Ustrengunge weiderdreiwe fir eis Wirtschaft ze diversifizéieren, an doduerch nei steierlech Recettë ze generéieren. Den Tanktourismus ass keen Zukunftsmodell, a mir kënnen domat déi Klimaschutzziler, déi mir eis am Kader vum Paräisser Accord gesat hunn, net erreechen.

Anerersäits musse mir eis um nationalen an internationalen Niveau d’Mëttele gi fir d’Steiervermeidungspraxis anzedämmen. Mir mussen dofir suergen, dass Jiddereen, ob Betrib oder Privatmann, säi gerechten Undeel un de Steiere bezilt, déi fir e gudde Fonctionnement vun eisem Sozialstaat néideg sinn.

A schlussendlech däerf een net vergiessen, dass Autoen a Camionen, déi op Lëtzebuerg tanke kommen, Trafic generéieren, an domat Infrastrukturkäschten an Ëmweltproblemer schafen. Dës Regierung huet op gréng Initiative hin fir t‘éischte Kéier eng wëssenschaftlech Analys vum Tanktourismus maache gelooss an d‘Resultat war eendeiteg: d‘Gesamtkäschten déi den Tanktourismus eisem Land verursaacht sinn däitlech méi grouss wéi de Benefice. De Verloscht duerch manner Tanktourismus wär dofir och net esou grouss wéi een dat vläicht op den éischte Bléck kéint mengen.

  • An Däitschland däerf een a verschiddene Stied net méi mat engem Dieselauto fueren. Wat soll Ärer Meenung no an noer Zukunft op de Besëtzer vun engem Diesel zu Lëtzebuerg duerkommen?

Den Diesel ass laangfristeg ganz sécher en Auslafmodell. Awer och de Bensinner muss no an no ersat ginn duerch méi ëmweltfrëndlech Autoen, mat Hybrid- oder rengen Elektromotoren, oder an Zukunft och mat Brennstoffzellemotoren. Dës Ëmstellung geet natierlech net vun haut op muer, an Autoe mat Verbrennungsmotore wäerten och an de nächste Joren nach op eise Stroossen fuere kënnen.

Lëtzebuerg investéiert de Moment vill Suen an den Opbau vun enger gudder Lued-Infrastruktur fir d’Elektromobilitéit. An Zukunft wäerten d’Präisser vun den Elektroautoen an  méi speziell vun de Batterië staark falen. Aus deene Grënn, an och duerch déi nei performant Hybrid- an Elektromodeller déi elo op de Maart kommen, wäert sech d’Demande bei de Verbraucher fir dës méi ëmweltfrëndlech Motorisatioune positiv entwéckelen. Et lount sech also, seng eege Mobilitéitsbedürfnisser méi am Detail ze analyséieren, an esou séier wéi méiglech op déi nei Offeren ëmzesteigen. Dat schount net nëmmen d’Ëmwelt mee och de Portmonnie, well Elektro-Autoen schonn haut am Verbrauch wéi am Entretien vill méi bëlleg si wéi Autoe mat Verbrennungsmotoren.