VUN INSEKTESTIERWEN BIS SPACE MINING

Françoise  Folmer a Christian Kmiotek

 

 

 

 

 

Wëssenschaftler hunn d’lescht Joer an enger groussflächeger Etüd an Däitschland erausfonnt, dass zanter 1989 d’Mass vun den Insekten ëm duerchschnëttlech 76 % zeréckgaangen ass. Déi 63 Moossstatioune stoungen an Naturschutzgebitter, soudass een dovunner ausgoe kann, dass op anere Plazen dat Massestierwen nach méi héich ass.

Am Verdacht als Verursaacher stinn nämlech virun allem Düngemëttel, Ofgaser a Pestiziden.

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng esou eng Etüd. Awer Lëtzebuerg ass jo bekanntlech keng Insel, a mir si sécher, dass Dir grad esou wéi mir scho gemierkt hutt, dass déi lescht Jore kaum nach Insekten un eiser viischter Glace peche wa mir mam Auto ënnerwee sinn. Mir ginn also dovun aus, dass et bei eis net anescht ass. Mee wat heescht dat genee?

Et muss ee wëssen, dass 80 Prozent vun de Planzen, déi wëll dobausse wuessen, vun Insekte bestëbst ginn. Wa keng Insekte méi do sinn, kënnen d’Planzen sech net méi vermehren. Ausserdeem ernäre vill Déiere sech vun Insekten, dat ass zum Beispill de Fall bei 60 Prozent vun de Vullenaarten. A vun de Vullen, wéi vun de Planzen ernäre sech erëm eng ganz Partie Mamendéieren, an esou weider. Letztendlech ass eise ganzen Ökosystem a Gefor, zu deem mir Mënschen och gehéieren.

De Stephen Hawking, ee geniale Fuerscher deen eis leider viru kuerzem verlooss huet, huet der Mënschheet de Rot ginn, sech dorop virzebereeden, hire Planéit ze verloossen well si dobäi ass hier Liewensgrondlagen op der Äerd ze zerstéieren. Do kéint ee jo soen: Tip top! Dann huet Lëtzebuerg schonn erëm eng wichteg wirtschaftlech Nisch fonnt fir d’Zukunft mat senger Space Mining Iddi!
Mee elo mol éierlech: wee vun Iech huet Loscht iwwer Méint a Joren, an engem Raumschëff agespaart, enger friemer Welt entgéint ze fléien an der onsécherer Hoffnung, do en neit Liewe fir zukünfteg Generatiounen opbauen ze kënnen? A wat geschitt mat all deene fir déi keng Platz an dëse Raumschëffer ass?

Bei allem Respekt fir de Stephen Hawking: et ass wuel méi einfach, mir erhalen eise Planéit liewenswäert. Mir als gréng bleiwe jiddefalls optimistesch, a mir wëllen alles dru setzen, dass déi Milliarde Mënschen och weiderhin eng gutt Liewensqualitéit an enger intakter Ëmwelt behalen. An dat op eisem schéinen an eenzegaartege Planéit, an eisem Doheem dat eis um Häerz läit, hei wou mir eis Wuerzelen hunn.

Dofir setze mir Gréng eis a fir d’Erhale vun den Insekten andeems mir d’ Ursaache vun hirem Massestierwen eliminéieren. Mir wëllen esou séier wéi méiglech en neie Modell vu Landwirtschaft! Eng Landwirtschaft, déi ouni chemesch Düngemëttel a Pestiziden auskënnt, déi sech op e regionalen Handel ouni laang Transportweeër stäipt, déi de Baueren e faire Revenu garantéiert, an eis all als Verbraucher gesond Liewensmëttel ubitt. Mir kämpfen am Transport fir nei Forme vu Mobilitéit ouni schiedlech Ofgaser, an a Wirtschaft an Industrie fir den Ersatz vu fossille Brennstoffer duerch effizient erneierbar Energië wéi Sonnen- a Wandenergie. Mir stinn un der éischter Front wann et drëm geet, dofir ze suergen, dass Jidderee vu propperem Drénkwaasser ka profitéieren, eng aner ganz wichteg Liewensgrondlag, an e Mënscherecht.

Mir als Gréng hunn awer och nach vill aner Iddie fir eng liewenswäert Zukunft, déi mer Iech an de nächste Méint méi no brénge wëllen. Kommt maacht mat an ënnerstëtzt eis an eisem Asaz fir den Erhalt vun der Biodiversitéit, a fir e bessert Liewen op engem gesonde Planéit, fir eis selwer a fir déi zukünfteg Generatiounen!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *